Newsletter

Den Circolo Curiel verschéckt al éischte Méinde vum Mount eng Newsletter per Mail, fir Iech iwwert all Neiegkeet um Lafenden ze halen (nei Bicher an CDen/DVDen vun der Bibliothéik, Events,…).

Fir eis Newsletter ze kréien, braucht Dir nëmme bei der Umeldung am Circolo oder an der Bibliothéik Är Mailadress unzeginn. Et kann een och spéiderhin den extra dozou bestëmmte Formular ausfëllen; an dësem Fall kritt Dir eng Bestätegung op der erwënschter Mailadress a braucht nëmme nach op de Link ze klicken, fir Är Umeldung ze aktivéieren.

Falls Dir Iech online agedroen hudd, kënnt Dir Iech all Moment um gläiche Wee ofmellen; d’Instruktioune fannt Dir an der Newsletter. Wann Dir awer automatesch beim Bäitrëtt als Curielsmember un eis Newsletter ageschriwwe gouft, musst Dir eng Mail u schécken, fir d’Newsletter net méi ze kréien.