Geschicht vun der Bibliothéik

Information: La bibliothèque est provisoirement fermée à cause de la reconstruction du bâtiment.



DSC_9032.JPGEis Bibliothéik entspréngt 1985 enger Intuitioun vum Rodoldo Raspanti, deemols EU-Beamten. D‘Ierfschaft vun der fréierer Libreria Italiana an eng substanziell Sendung vum Verlag Editori Riuniti hunn den Usaz vun der Kollektioun gestallt. Duerch d’Joeren huet d’Kollektioun vun der Bibliothéik sech wesentlech mat private Gofen a geziilten Uschafunge vum Komitee beräichert an domat hiere literaresche Wäert gehuewen. Fir d’ëffentlech Verwendung vun de Bicher ze fërderen, ass d’Bibliothéik och mam Internet verflecht, mat Computerën an engem Onlinekatalog ausgestatt ginn.

Am Ablack ass eis Kollektioun 8.000 Volume räich an ass domat onëmgänglech fir d’italienesch Kultur zu Lëtzebuerg. Et ass ganz einfach déi gréisste Kollektioun vun italienesche Bicher, déi hei am Land dem Publikum ze Verfügung steet. Mir versuergen eng grouss Zuel Romaner vun italienesche an auslännesche Schrëftsteller, awer och Bicher iwwert aktuell Themen, Referenzwiirker a verschidde Beräicher, Bicher fir Kanner a Jonker. Eng speziell Sektioun këmmert sech ëm historesch a politesch Aspekter. Aner franséisch, däitsch a lëtzebuergesch Texter befaasse sech mat der Stat Lëtzebuerg an dem Ländchen, woubäi de Schwéierpunkt op historesch, geografesch a wirtschaftlech Aspekter geluegt gouf. Et besteet och eng Videosektioun, mat Filmer op italienescher Sprooch aus alle Beräicher, fir Jonk an Al.

No enger noutwenneger Restrukturatioun vun Déngscht a Material, huet sech d’Bibliothéik erneiert sengem Pubikum gewisen. Weiderhin soll et fir déi kommend Joer dann och heesche periodesch nei Bicher an audiovisuellt Material ze kafen, didaktesch an edukativ Programmer ze fërderen, den neien italieneschen Awanderer een Orientatiouns- an Informatiounsservice ze leeschten an d’Verknëppung mat de lëtzebuergesche Verwaltungen, Gruppen a Veräiner ze verstäerken. Dem Curiel seng Bibliothéik wëll ee Raum duerstellen an deem Qualitéit a Gesellegkeet grouss geschriwwe ginn, an deem een sech gäre soll begéinen fir seng Meenung ze deelen. Hei soll dem kulturelle Wuesstum bäigedroe ginn, an zwar net nëmme bannen der italienescher Gemeinschaft heizuland.