Ënnerstëtzt eis

Den Circolo Curiel ass eng asbl. Seng kulturell Aktivitéite gi finanzéiert duerch de Restaurant, d‘Memberskaarten an d‘fräiwëlleg Gofe vun de Memberen.

Fir Member ze ginn, musst Dir ee Mindestbäitrag vun 15 € op eise Kont iwwerweisen an Är Donnéeën un info@curiel.lu schécken. D’Memberskaart kënnt Dir 10 Deeg no der Iwwerweisung am Restaurant ofhuelen.

Hei eis Kontosnummer fir d’kulturell Aktivitéiten ze ënnerstëtzen IBAN: LU43 0027 1027 1120 0000

All Akommes geet u nei Bicher fir d’Bibliothéik, d’Moderniséierung vun der Infrastruktur an d’Promotioun vun de kulturellen Aktivitéiten an Events.